top of page

Kontakteier Eis!

All d’Noriichten, déi mir kréien, gi mat Sorgfalt behandelt a ginn just un déi zoustänneg Persoun vum Outreach-Team weider, déi sech ëm deng Ufro këmmert. Näischt gëtt ouni däi Wëssen oder Erlaabnis un anerer weidergeleet.

Mir fannen zesummen eng Léisung!

phone-call (6).png

+352 671 884 722

Merci ! Deng Ufroh gedd elo bearbescht!

Aarbecht op der Strooss mat de Jonken zu Déifferdeng

Zu Déifferdeng sinn zwee Educateuren mat de Jonken (Outreach Youth Work) engagéiert: en diploméierten Sozialaarbechter an eng graduéiert Educatrice. Hir haaptsächlech Missioun ass et, de Jonken an hiren Ëmfeld ze begéinen – egal ob an der Strooss, an de Parken oder an anere ëffentleche Platzen – an eng Vertrauensbasis mat hinnen opzebauen.

Den Zilpublikum betrëfft Jonker tëscht 12 an 26 Joer, besonnesch déi, déi net méi an der Schoul sinn, keng Aarbecht hunn oder Relatioun zu klassesche Strukturen gebrach ass. Vill vun hinnen liewen an komplexen Situatiounen, déi vun sozialen, familiären, finanziellen oder gesondheetlechen Problemer markéiert sinn.

D'Zil ass et, dës Jonker op eng perséinlech Aart an Weis ze stäerken, an hiren Tempo, hinnen ze hëllefen, Vertrauen an sech selwer ze fannen an e Projet de Vie (erzieheresch, berufflech oder perséinlech) z'entwéckelen. Dat kann sech em eng Anschreiwung an d’Schoul, enger Formatioun, engem Apprentissage, engem Volontariat oder einfach an enger  Ënnerstëtzung handelen.

D'Aarbecht berouht op enger fräiwëlleg, flexibler a vertraulicher Approche. D'Educateuren ermeigleschen de Jonken den Zougang zu Informatiounen, orientéieren si a begleeden si Schrëtt fir Schrëtt bei hiren Demarchen.
Eng Präsenz gëtt och zu dem Jugendhaus zu Differdange-Center (lëschte Stack) garantéiert, wou dei Jonk komme kënnen, Froe stellen oder e Rendez-vous ausmaachen.

bottom of page